Cannabislegaliséierung: E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis eng ganz Rei u positiven Aspekter mat sech bréngt: Et kann endlech zu enger transparenter Qualitéitskontroll vun der Wuer kommen a kriminell Strukturen, déi bis dato vum Cannabisschmuggel profitéiert hunn, verléieren esou theoretesch hir Existenzberechtegung. Am Kontext vun der Fro, ob et richteg ass, Cannabis ze legaliséieren, héiert een oft de Grondsaz: „Wie kiffe wëll, kifft sou oder sou, ob et legal oder illegal ass.“ Och dat ass wouer, an trotzdeem schwätzt d’ADRenalin sech dofir aus, méi nuancéiert un d’Fro erunzegoen, ob a firwat eis Gesellschaft eng weider Drog salonsfäeg maache wëll. Mir wëlle sécherlech keng Gesellschaft vun de Virschrëften an der Iwwerreglementéierung an appelléieren un d’Konzept vum „mündege“ Bierger. Op där anerer Säit gesi mir et ganz kritesch, wann et esou duergestallt gëtt – oder vu Jugendlechen esou emfonnt gëtt – wéi wann d’Cannabislegaliséierung e Kaddo fir déi Jonk wär. Wëssenschaftlech Studien hu gewisen, datt sech déi bewosstsinnsverännerend Wierkung vum Cannabis grad bei jonke Mënschen, wou d’Perséinlechkeetsentwécklung nach net ofgeschloss ass, besonnesch staark auswierkt, wat a ville Fäll esouguer zu zäitweilegen Depressiounen, Angschtzoustänn a Psychose féiere kann. Drock fir d’Legaliséierung kënnt dacks – net nëmmen zu Lëtzebuerg – vun de Jugendsektioune vu politesche Parteien. Et ass awer falsch, per se eng inhaltlech Relatioun tëscht enger Fuerderung vu politesche Jugendvertrieder an dem objektive Wuel vun der Jugend hierzestellen. Ouni wëllen ze dramatiséieren, plädéiert d’ADRenalin fir e gesellschaftlech equilibréierten Discours iwwert den Afloss vum Cannabis op déi Jonk.  Eng eesäiteg Duerstellung, déi vermëttelt, d’Legaliséierung vum Cannabis wär e „Kaddo“ fir eis Jonker, leene mir of: Dëst gëtt der Realitéit net gerecht. Eng konkret Fuerderung vun der ADRenalin ass och, datt de Gesetzestext reglementéiere soll, datt sech zu Lëtzebuerg kee Kiffer-Tourismus entwéckelt. D’Fro nom Mindestalter fir de Konsum vum Cannabis soll no wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwert d’Perséinlechkeetsentwécklung ugepasst ginn. Mir fuerdere kloer gesetzlech Dispositiounen, wat d’Hierkonft, d’Qualitéit an d’Beschafungskritäre vum Cannabis ugeet. Als jonk ADR wäerte mir genee suivéieren, wéi den zukünftege Gesetzestext enger méi kritescher Betruechtung vum Cannabis op d’Wuel vun de Jonke Rechnung dréit.

Pressematdeelung vum 16. Januar 2019

Share