Europäeschen Zesummenhalt stäerken!

D’ADRenalin an déi jonk NVA verbënnt eng laang Frëndschaft. Am Juli 2019 war dofir déi jonk NVA (Nieuw-Vlaamse Alliantie) op Besuch zu Lëtzebuerg. D’NVA ass am Moment déi gréisste Partei am belsche Parlament a war bis 2018 och Regierungspartei. Zesumme mat der ADRenalin ass si och an där selwechter europäescher Parteiefamill vun der EYC (European Young Conservatives). Déi jonk NVA gouf vun der ADRenalin ganz häerzlech empfaangen a krut en Abléck an déi aktuell gesellschaftlech a politesch Situatioun zu Lëtzebuerg. Ee vun den Héichpunkte vum Besuch war e gemeinsamt Owesiessen mat Virträg vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an dem ADRenalin-President Michel Lemaire. De Vize-President vun der ADRenalin, Felix Reding, huet eise belsche Frënn den Dag virdrun schonn en Abléck an d’Geschicht vun der ADR ginn.

Hei fannt Dir e puer Andréck vum Owes-Iessen:

Share