Iwwert eis

Home - Iwwert eis

D’ADRenalin, déi jonk ADR ass d’Jugendorganisatioun vun der ADR. Si gouf 1999 als eng vun der Mammepartei onofhängeg politesch Struktur gegrënnt. Trotzdeem sti mir wéi ee Block hannert dem Grondsazprogramm vun der ADR. Mir riichten eise Bléck speziell op d’Uleiess an d’Problemer, mat deenen déi eropwuessend Generatioun konfrontéiert ass. All Joer ginn 1 Milliard nei Scholde gemaach an op d’Zukunft vun de Jonke gëtt eng Hypothéik ausgesat. Déi aktuell Lëtzebuerger Regierung strieft e Rekordwuesstem un an dat, obwuel haut schonn net méi genuch bezuelbare Wunnraum zur Verfügung steet an eis Stroossen iwwerlaascht sinn. Dat kënnen a wëlle mir als ADR-Jugend net matdroen! 

Eng steigend Verscholdung an den onverantwortleche Wuesstem si leider bei wäitem net déi eenzeg Problemer, déi op déi Jonk duerkommen. An der Bildungspolitik gëtt de Leeschtungsniveau monter erofgeschrauft an d’Diplomer verléieren ëmmer méi u Wäert. Zesumme mat eiser Mammepartei siche mir aktiv no Léisungen, wéi mir de Jonke vun haut eng Zukunft vum Wuelstand an der Zefriddenheet bidde kënnen.

Comité

null

Gilles Carlizzi

Sekretär
null

Michel Lemaire

President
  • Tessy Brisbois
  • Henrick Gamaliel
  • Tom Agnes
  • Nathalie Breyer
  • Felix Reding
  • Suzanne Kohl
  • Christian Faber
  • Pasquale De Michelis
  • Conny Schut
  • Mireille Valle

 

Éieremember

Alex Penning