Nuetslanter – Sech rem gär hunn…

An der Nuecht, am Park, ënnert enger Lanter… hei sammelt sech Liicht, hei sammelt sech Wäermt… hei sinn d’Gedanken fréi… D’ADRenalin presentéiert iech an der Rei „Nuetslanter“ regelméisseg erschéngend Reflexiounen iwwert alles, wat engem an enger laanger Nuecht duerch de Kapp geet…eng politesch a poetesch Nocturne.

Et kann een heiansdo d’Gefill entwéckelen, datt sozial Medie wéi Facebook, nieft dem grousse Seegen, Mënschen ze verbannen, ee net ze bändege Fluch mat sech féieren: En harmlose Post zitt ënnerhalb vu kuerzer Zéit eng vergëft, haasserfëllten Diskussioun – an Diskussiounskultur (!) – no sech. Do wënscht engem deem aneren Ongléck, Dout an Däiwel. Et gëtt engem ze denken an stëmmt traureg, wéi onstabil déi Grenzlinn ass, déi d’Trennung definéiert tëscht der Noutwendegkeet, säi Standpunkt vertrieden ze däerfen an der Absicht, séin Géintiwwer ze kränken an ze verletzen. Bedenklech ass och, wéi Haass an aktiv Gewalt ëmschloe kann. Déi sozial Netzwierker geréieren ongewollt Méiglechkeeten, datt sech all Zort vun Aggressiounspotential strukturéiert zesummeschléisse kann, fir säi „Feind“ ze verletze – kierperlech oder séilesch. De Begrëff „Feind“ schrompelt leider zesummen op all „entité mentale“, déi vun hirem Recht Gebrauch mëscht, eng Meenung ze hunn.

Komm mir akzeptéiere Meenunge rem als dat wat se sinn: Meenungen eben! Keng Gesetzer a kee Stéck Land am Gaart vun der Wourecht!
A wéi schéi kann et sinn, sech am Meenungspluralismus ze bueden…Kënnt Dir Iech eppes schlëmmeres virstellen, wéi wann äre Léifsten, är Léifst Matmënschen ëmmer déi selwecht Meenung hätten? Dat wär dach wéi e Cremant ouni Schaum…et prickelt net méi.
Natierlech soll ee fir seng Meenung kämpfen. D’Schuel soll dobei reng bleiwen. Schéinheet ass eben d’Hochzéit vu Form an Inhalt.
Komm mer erhiewen de Meenungsaustausch erëm aus dem Buedem vu Beleidegung a Schmotz op de Sockel vun der Erhabenheet…
Am Kampf fir eis Meenung zéie mer wéi Éieremänner an d’Feld: Broscht eraus, ritterlëch-fair a mat poléierte Manchettëknäpp…

Share