Nuetslanter – Tolerant bis zur Intoleranz…

D’ADRenalin mëllt sech zréck mat enger Nuetslanter… des Kéier verfaasst vum Jo Risch!

Europa, déi wuel tolerantst Natioun vun der Welt, a Lëtzebuerg matzendran.
Zu Lëtzebuerg gëtt d’Toleranz esou weit gedriwwen, bis mer an der Intoleranz landen. Beispill Burkagesetz: En onwierksamt Gesetz, en inkonsequent Gesetz. Wou ee lo d’Burka droen däerf an net ass schlussendlech schleierhaft. Gambia mécht souvill Kompromësser, datt all moralesche Message, all gutt gemengten Zeeche vun Toleranz letztendlech am Niergendwou, am Mier vu Gepiddels a Gedeessems ënnergeet. Konsequenz, wann och net Toleranz, weise vill arabesch Länner: Besiche mir als Europäer esou Länner, riskéiere mer Geldstrofen a Prisong, wa mer eis oppe Liewensweis esou ausliewen, wéi mer dat gewinnt sinn. Sech Upassen ass an esou Länner eng Bedingung, déi net a Fro gestallt gëtt, conditio sine qua non. Lëtzebuerg awer kritt net mol ee wierksamt Burkagesetz op d’Been gestallt. Parallelgesellschafte sinn a Westeuropa voll am Entstoen, an der Blitt vum Summer. Tolerant bis zur Intoleranz. Traureg!

Share