Regierung léisst den HORESCA-Secteur ausbludden!

Zënter dem 16. Mäerz  um Mëtternuecht hu sämtlech Betriber aus dem Horesca-Secteur hir Diere fir de Public missen zouloossen. Ofgesi vun ëmmer nees klenge Bonbonen a Form vun Hëllefen, sinn dës Betriber awer zënterhier vun der Regierung reegelrecht lénks leie gelooss ginn.

Nodeems den 20. Abrëll grouss Chaînen de Virtrëtt kruten, an déi kleng a mëttelstänneg Betriber eréischt den 11. Mee duerften nozéien, ass de gesamten Horesca-Secteur nach ëmmer, quasi wéi e Stéifkand, am Reen stoe gelooss ginn. An dat obwuel all Käschte weider lafen, well de Loyer etc. kennt kee Confinement. Vill Hëllefe si carrement refuséiert ginn.

Firwat elo net onverzüglech all d’Betriber aus dem Horesca-Secteur nees opmaachen? E Secteur, deen am leschte Joer ëmmerhi 6,8 Prozent vum PIB ausgemaach huet. A quasi sämtleche Betriber kënnen déi sanitär Schutzbestëmmungen ouni Problemer agehale ginn. Wie kënnt iwwerhaapt drop, datt mir de Virus an de Restauranten a Bistrote stoppe kënnen, wa leschte Weekend z.B. am Rheinland-Pfalz, d’Restauranten erëm hallef voll mat Lëtzebuerger souzen?

Zemools elo, wou souguer eis Nopeschlänner hier Horesca-Betriber erëm opgoe loossen, gläicht et enger Farce, datt eise Staatsminister dem Secteur nëmmen ee vage Stéchdatum vum 1. Juni (dann och nëmme fir Restauranten) undeit. Zu deem Zäitpunkt ass de Päischtweekend – e staarken Ankerpunkt fir eisen Tourismus – quasi eriwwer an Däitschland profitéiert Päischte vun hirer konkurrenzloser Situatioun.

Mir vun der Adrenalin widderhuelen nach eng Kéier mat Nodrock eis Fuerderung un d‘Regierung, de gesamten Horesca-Secteur direkt an ouni weider falsch Excusen opgoen ze loossen, éier eis eng Well vu Faillitten a Chômeuren an d’Haus steet, déi hätt kéinte verhënnert ginn a muttwëlleg a Kaf geholl gëtt.

 

ADRenalin-Pressematdeelung vum 20. Mee 2020

Share