Ried iwwert d’Lag vun der Natioun: e Verrot un de Jonken!

Lëtzebuerg 2019:

E Wuesstemsmodell, deen u seng Grenze stéisst, Logementspräisser, déi d’Grenz vum Leeschtbaren iwwerschratt hunn, den Aarmutsrisiko, dee rapid klëmmt a bei all deem e Rentesystem, dee weiderhin op e Rekordwuesstem opgebaut ass: Problemer, déi déi Jonk am meeschten treffen:

Déi meescht vun eis hunn nach keen Eegenheem, mir mussen nach op mannst 40 Joer pünktlech Moies op d’Schaff kommen, duerch de Stau, deen ëmmer méi schlëmm gëtt. An esouguer da kënne mir eis wahrscheinlech nach keng eege Wunneng hei leeschten. 100 Persounen wanderen all Mount aus Lëtzebuerg aus, kënnen sech d’Liewen an d’Wunnen hei net méi leeschten, a wéini ass ee selwer villäicht drun, fir d’Land mussen ze verloossen? Eis kann et och net egal sinn, wann an Zukunft net méi genuch Personal an de Klinicken ass, nach e weidere vu ville Problemer, deen an der Ried zur Lag vun der Natioun net ugeschwat gouf.

Et brauch een als Jonken net pessimistesch agestallt ze sinn, fir pessimistesch an d’Zukunft ze kucken. An dobäi ass kloer: Keng politesch Partei huet e Patentrezept fir déi akut Problemer. Zumindest hätte mir eis awer erwaart, datt de Noutstand am Logement op mannst ugeschwat gëtt, datt eise Wuesstemsmodell, deen, wéi de Statec festgehalen huet, “pro-riche” ass, an deen an Zukunft ëmmer méi Leit op der Streck loosse wäert, zumindest kritesch thematiséiert gëtt.

An der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister war dat net de Fall. Net déi richteg Äntwerte fannen ass déi eng Saach – iwwerhaapt net méi déi néideg Froen ze stellen déi aner!

Als jonk ADR weise mir eis schockéiert doriwwer, wéi wäit den héchste Regierungsvertrieder vum Land ewech ass vun der Liewensrealitéit vun de Mënschen am Land.

Pressematdeelung vum 11. Oktober

Share