Um ADRenalin-Kongress war de Sall ze kleng…

Gutt Stëmmung um ADRenalin-Kongress vum 8. Februar. Eis Frënn aus Dänemark, mat deenen d’ADRenalin iwwert d’EYC (European Young Conservatives) frëndschaftlech a politesch verbonne sinn, ware fir e puer Deeg zu Lëtzebuerg an hunn och um ADRenalin-Kongress deelgeholl. No enger kuerzer Usproch vum President Michel Lemaire huet de Felix Reding d’wuert ergraff fir eng europapolitesch Ried ze halen. D’Nathalie Breyer, laangjäregen a verdingten ADRenalin-Member, huet elo leider d’Altersgrenz iwwerschratt, fir kënnen an der ADR-Jugend matzeschaffen an ass mat engem Kaddo fir seng Verdéngschter geéiert ginn.

 

 

Share