Wat bedeit “gendersensibel”?

Et ass rezent vill rieds gaangen vun enger zukünfteger méi staark gendersensibeler Ausriichtung vum Lëtzebuerger Schoulsystem. Dozou e puer Gedanke vun der ADRenalin.

Nieft der Wëssensvermëttlung ass et och eng grondleeënd Aufgab vun der schoulescher Bildung, déi eruwuessend Generatioun fir ethesch Froestellungen ze sensibiliséieren an de Respekt vun onëmstriddene Grondwäerter ze vermëttelen. Ee vun de Grondwäerter ass, datt eng Gläichstellung vu Mann a Fra an alle gesellschaftleche Beräicher net a Fro gestallt däerf ginn.

Et muss een – besonnesch an der Schoulpolitik – allerdéngs den Ënnerscheed maachen tëscht ethesche Grondwäerter a parteipolitescher Ideologie. Et ass an den Ae vun der ADRenalin eng parteipolitesch an ideologesch gefierften Diskussioun, ob een an Zukunft z.B. de Literaturunterrecht esou gestalte soll, datt e Gläichgewiicht an der Behandlung vu weiblechen a männlechen Auteure besteet. Et ass esou z.B. an der däitscher Literatur eng Tatsaach, datt wesentlech méi männlech Auteure kanoniséiert goufen, wéi weiblecher. Datt haut méi Frae literaresch aktiv sinn, ewéi nach viru Joerzéngten a Joerhonnerten, ass begréissenswäert a weist, datt iwwerkomme Gesellschaftshierarchien opgebrach goufen.

Wann de Professer awer elo d’Literatur vun der däitscher Klassik behandelt, dann ass et eng literaturhistoresch Realitéit, datt an där Epoch méi Männer Bicher geschriwwen hunn, ewéi Fraen; eng gesellschaftlech Realitéit, déi een och thematiséiere kann. D’Visioun vun enger 50-50 Behandlung vu weiblechen a männlechen Auteuren duerch déi ganz zäitlech Bandbreet vun der Literaturgeschicht wär genee dohier de falsche Schrëtt – e forcéierten, ideologeschen Akt. D’Gewiichtung tëscht der Behandlung vu männlechen a weiblechen Auteure soll der reeller, literaturhistorescher Gewiichtung vu weiblechen a männlechen Auteuren an den eenzelen Epochen ugepasst ginn. D’Fro stellt sech: Wéi wäit kann eng ideologesch Neigewiichtung vum Schoulprogramm goen? De Faust aus dem Programm huelen, well de Goethe „schëlleg“ war, e Mann ze sinn? D’ADRenalin seet dozou kloer: Nee! Eng grondleeënd, historesch, awer ideologesch a parteipolitesch neutral Diskussioun, firwat an den eenzelen Epoche verhältnesméisseg wéineg Fraen literaresch aktiv waren, ass begréissenswäert.

ADRenalin-Pressematdeelung vum 7. Janaur 2019

Share