Wëlle mir wierklech d'“Vereente Staaten vun Europa“?

De Sozialdemokrat Martin Schulz huet um SPD-Parteidag vun 2017 ugekënnegt, datt Europa säin Erkennungsbild bis 2025 grondleeënd verännere soll. Hie schwätzt am Wuertlaut vun de „Vereinigten Staaten von Europa“, déi ënnert anerem duerch ee gemeinsame Verfassungsvertrag uneneengekoppelt solle ginn. D’Visioun vum Martin Schulz ass en definitiven an endgültege Broch mam Prinzip vun der Nationalstaatlechkeet an der Iddi vun der Souveränitéit vun den eenzelen europäesche Länner. Op parteipoliteschem oder philosopheschen Niveau kann een elo sécher laang driwwer diskutéieren, ob Nationalstaatlechkeet oder de radikalen Ëmbroch an d’Zesummeleeë vun de Staaten – nom amerikanesche Prinzip – Europa an eng Zukunft vun der Prosperitéit féiere wäert.

Als jonk ADR si mir dovun iwwerzeegt, datt, ewéi sou oft an der Politik, och bei dëser Fro ee verstännege Mëttelwee ubruecht ass. D’Isolatioun duerch eng allze protektionistesch Politik féiert genee sou wéineg zum Zil, ewéi déi radikal Opléisung vum Staateprinzip, deen Europa joerhonnertelaang a senger Wäertentwécklung bestëmmt huet. Eesäiteg Léisunge féieren an der Politik seelen zum erhofften Erfolleg. Méi problematesch ewéi dem Martin Schulz seng Iddi ass fir déi jonk ADR allerdéngs d’Manéier, ewéi dës Iddi soll ëmgesat ginn.

Mir weisen eis decidéiert enttäuscht doriwwer, datt de Martin Schulz op de Prinzip vun der Dreeung zréckgräift, fir sengem Uleies Gewiicht ze ginn. Wien sech bis 2025 der Iddi vun de „Vereenegt Staaten“ vun Europa widdersetzt, flitt héichkanteg aus der EU. Nieft der Dreeung gräift den SPD-Mann op een anere Prinzip zréck, deen sech an der Politik ëmmer schonns als wierksam erwisen huet, fir seng Ziler duerchzesetzen: de Léit Angscht maachen! Hie schwätzt vu senger Visioun als eenzeg méiglech „Lebensversicherung“, als „einizge Chance“ (sic!) fir Europa. Ergo wien de „Vereenegte Staaten vun Europa“ kritesch géintiwwer steet, muss sech an där Logik als Doudegriewer vun Europa outen. Mir sinn der Meenung, datt d’Bierger an Europa eppes Besseres verdéngt hunn, datt si en objektiven Dialog iwwert d’Zukunft vun Europa als wirtschaftleche Projet a gewëss och als Friddensprojet verdéngt hunn. Den CSU-Politiker Alexander Dobrindt nennt de Martin Schulz an deem Sënn en „Europaradikalen“.

 Et léit am Selbstverständnes vun der jonker ADR, datt Radikalismus – egal wéi dëse politesch motivéiert ass – net zilféierend ass, well en a sengem Funktiounsprinzip aner Meenunge per force ausschléisst.

 

Pressematdeelung vun der ADRenalin vum 3. Janaur 2018.

Share